1967 Am Jar vun eisem 50. Anniversaire lafen ausser de speziellen Aktivitéiten, déi grussen Uklank fanne, och eis normal Aktiviteiten.
D’Michèle Croisé gët AWC, de Georges Feltz an den Théo Jacoby gin ATC genannt.
Eis Rover sammelen 145 kg Medikamenter bei den Dokteren an der Emgegend.
D’Explorer sen an der Stad bei enger nationaler Organisatioun, dem Ouragon, derbei ; 9 kreien de Sportbadge ; an engem gruussen Zelt féieren se verschidden Technike vir.
Och bei de Wëllef left eng national Manifestatioun durch d’ganzt Jar, si heescht ‘Batzko’. Hire Peistcamp as zu Beidweiler. Um Jubileecamp, um freiere Pärdrennen, un dem och de Erwgroß Henri deelhëlt, së Scouten aus 5 Truppen derbei.
Den 23. Juni hun d’Wëllef mat dene vu Colmer an Iechternach e Jubilee-Rallye an der Haardt.
Den 2. Juli as den 1. Auto-Explo-Rallye.
Um nationale Wëllerferchesrallye zu Niderkouer kreien eis Wëllef den Ieremast.
Freddes de 14.Juli ass engt gruust Lagerfeier zesumme mat de Guiden op der Kluuster.
Summercampen :d’Scoute sën zu Surré ; d’Pionnier machen e Mini-Camp-volant beim Stausee a kommen durno och op Syr ; d’Rover sën op engem Schaffcamp zu Pierre sur Haute an der Auvergne. D’Michèle Croisé mécht de Wëllefchersgiwell um Neisheisgen mat. Ufank September huele 4 Mann un engem Cours vun der Protection Civile zu Schëmpich deel. Um Jamboree an Amerika sin och Dikricher derbei.
De nationale Chefdag as zu Dikrich. De Pionnier hirt nei, rut Hiem gët virgestallt. Den AU Marcel Groff kret de Gilwellfoulard an de Woodbadge vun der Scoutsbranche.
Well d’Wëllef zu 68 sën deelen së sich an 2 Rudelen op.
De Challenge de la Route ass zu Dikrich mat moies engem Volleyball- Championnat a mëttes enger Visite vun der Kläranlag op der Bleesbréck.
D’Jubileumsaktivitéite gi de 26.11 mat enger Ausstellung am Floss ofgeschloß.
1968 Um Tiater mat de Guiden, den 3 Mol gespillt gët, maachen nëmmen d’Wëllef mat engem Lidd an d’Rover mat enger Revue mat.
Uusterdënsdig a Mëttwoch hun d’Scoute zesumme mat Gammascoute a Kanner vun Dreibuer am Kader vum Mot d’ordre e Raid. D’Pionnier maache mat der JEC an der JOC e Football-Kicker-Cross-Turnier.
D’Ausdroe vun der Revue an dem Familienblad, durch dat mer eng Parti Suen an d’Caisse kreie, gët vum Louis Minette organiseiert. Fir d’Borschte mei ze motiveiere, kreien si och e klenge perséinlechen Undeel.
Am Abrël sammelen d’Rover 14 to Pabeier an Dikrich. D’Amicale II organiseiert hiren 2. Explo-Auto mat 11 Equipen.
Mir së beim Begriefnis vum Här Deche Colling derbei.
De regionale Peistcamp as an der Fiels. De Jimmy Trauffler an de Robert Maquil maachen de CEP vun der Scoutsbranche mat, si kreien och hir Ernennung als ASM ; d’Rover sin zu 3 um Roverraid.
Michèle Croisé gët Akela an de Will Lorang Roverchef.
De nationale Wëllerchersrallye as de 7.Juli an der Seitert.
En Deel vun de Scoute geet mam Pilgerzuch mat op Lourdes, dei aner hun e Camp zu Fëschbich. De Jean-Marie Trauffler hëllt um Scotsgilwell deel. 5 Rover maache e Camp an Tunesien.
Um Chefdag zu Esch kret d’Michèle Croisé de Gilwellfoulard an de Woodbadge vun de Wëllef, de Gruppechef Marcel Thillen d’gëllent Verbandsofzeechen. D’Cecile Reuter gët seng Demissoun als Wëllefcherskommissairin.
Eis Wëllef fuere mat 2 Rudelen ; d’Scoute gi lo definitiv an Explorer a Pionnier opgedeelt. Dést geschitt mat enger spezieller Investur nom Säfekësterennen um Goldknapp a Präsenz vum Scoutskommissaire an dem Regionalkommissaire. D’Pionier hun och lo hir rud Hiemer.
D’Pionnier sën an der Krëstvakanz zu Schoos op enger Krëstentreprise un där sich och d’Lett aus dem Duerf bedeeligen.
Am Laf vun de
Wantermingt organiseire mer Mëttwochsowes Ateliere am Home, déi och fir
d’Membere vun anere Jugendvereiner geduecht sën.
1969 Tiater mat de Guiden de 14. a 15. März, wu all Branche engt Stéck opfeiert.
D’Explorer an d’Pionnier hëllefen un Go-West zu Ettelbréck ; eng regional Aktiviteit vun de Pionnier.
Den 1. Mee sën d’Wëllef an d’Explorer um Neiheisgen, wu de Cinquantenaire vum Verband vun de Lëtzbuerger Scouen gefeiert gët.
De Peistcamp vun de Wëllef as zu Nacher. D’Explorer sën zu Befort um Regionalcamp. Patrull Réi huet den Ierefanion vun der bester Patrull kritt.
Di 2 Wëllefchersrudelen klasseire sich rëm virop um nationale Rallye. D’Rover kreien d’Coupe vum Cinquantenaire um Challenge de la Route am Baskett an am Volleyball.
D’Pionnier bedreiwe während 4 Owender e Grillstand um Fest « Aal Dikrich » ; et gi fir ong. 17.500.- Fr Koteletten, Hamburger, a Schahlike verkaaf ;dëst as den Ufank vun der regelsmeissiger Participatioun mat eiser Bauerekichen un dem Fest.
Am Summer leien d’Scouten zu Todler bei der Sauer. D’Pionier gin op e Camp an Eistreich.
Um Chefdag zu Walfer kreien hir Ernennung : Jimmy Trauffler TC, Lucienne Haagen AWC.
Bei der Mass fir den Deche Legros së mer derbei, wi och bei der Instalatioun vum neien Deche Wirtz, Bei der Ovatioun fir de Jean-Peirre Bergh an de René Steichen,2 freierScouten a Membere vun Amicalen, als nei Gemengerootsmemberen feele mer och nët.
d’Rover organiseiren e Nuetsraid, de bësse laang geroden as.D’Pioneir halen Disco’en am ewischten Home of, dei gruusse Succès fannen.
1970 De Charel Bonert, de Marcel Schwinniger an de Robert Schmitz kreien hir Chefkaart als ASM.
Den 22. Februar as Tiaterowend ‘Revue bei eis doheem’ mat de Guiden, wu all Branche en Thema vum vergaangene Jar an Dikrich ënnert d’Lup hëllt.
E Questionnaire iwert ‘Jugend und Synode’, alsVirbereedung op d’Synod vum Dekanat gët beäntwert. E Punkt den oft beschwaat gét am Gruperot as d’Besetzung vum 1. Parrot, virun allem wat d’Jugend betrëfft.
An der Uustervakanz sën d’Explorer 3 Dä zu Harel.
D’Pionnier organiseieren e Zyklus vun 3 Week-ender mam Thema : ‘Jeunesse – Amour’. Notre société est-elle vraiment pourrie, Loisirs’.
Fir den 30. an
31.Mee gét eise Scoutspark a ‘Floss Springs’
ëmgewandelt fiir d’Fest ‘Go West’.
D’Monique Ludovicy kritt seng Ernennung als ASWC.
D’Explorer sën zu Rullgen um Regionalpeistcamp. D’Rover campieren an der Schleef.
An der Seitert hu eng 80 Wëllef eng ‘Grus Safari’ als Regionalrallye.
Fir den Dikricher Guiden hire 26. Anniversaire hëlefe mir un engem Lagerfeier, dat si am Park organiseieren.
Bei de Pionnier gët èt heftig Diskussiounen iwer Zesummenarbecht mat de Maxi-Guiden ; et géét ëm ganz oder deelweis Zesummenaarbicht.
De Summercamp ‘Clamipri’ vun den Explorer as am Fënsterdall. D’Pionier gin an England. Si hun su munnig Iwerraschungen erliewt. De Jacques an de Jemp Dahm an den Théo Jacoby maachen um ‘ Nondipio a Cromagnon’-Gitwell um Neiheisge mat. De Robert Schmitz as bei enger Delegatioun, dei bei d’UNO op New-York geht derbei.
An der Vakanz as eng Abschiedsfeier fir den Aumonier Marcel Groff. He war nët nëmmen Aumonier, mä komplette Scout, den och aktiv um Camping matgewiirkt huet. He war de letzten Aumonier den Zeit fonnt hot, fir sich voll an de Scouten anzesetzen.
Um Chefdag zu Péiteng kret de Jim Trauffler de Gilwellfoulard an de Woodbadge. De Paul Bonert an de Camille Dahm kreien hir Ernennung als ATC.
BEI DE Guiden hirer Semaine des Jeunes paake mer eng Hand mat un.
De Jacques Dahm gët TC bei den Explorer.
Bei de Rover as d’Loft raus an déi puer, déi nach do sën, gi bei d’Pionnier zrëck.
De neien Aumonier John Bintz schafft aktiv bei de Krëstfeiere vun de Branche mat.
1971 De 7. Februar geht den ‘Tele Dikrich’ zweemol iwert d’Bühn am Festsall vum Kolleisch.
Pellemsonndig um Chefdag um Fieldgen gët Lily Adler Wëllefschers-commissaire adjoint.
D’Explorer maachen op der Scoutsolympiad an der Stad mat a verschidde Membere schnedde gudd of. D’Amicale III huet 9 Equipen op hirem Autorallye den 1. Mee.
72 Wëllef vun Dikrich, Echternach, Ettelbréck a Fiels maachen zu Weiswampich e flotte Regionalpeistcamp. D’Explorer sën um Regionalpeistcamp zu Grenzen. Si së nët su zefridden.
D’Micheline Schiltges gët ASWC genannt an um Rallye um Houwald gin d’Wëllef ennert d’Superruddele klassiert.
De Marcel Thillen gët fir sens 15 Jar Gruppechef geiert.
D’Explorer an d’Pionnier halen e Summercamp zu Eschduerf mat enger Participatioun um Maxiround, enger nationaler Aktiviteit vum Verband um Stausee. D’Lil Adler an d’Monique Ludovicy maachen um Giwell fiir Wëllefcherschef mat ;puer Rover sën op engem Camp am Libanon an 1 Scoutschef um Jamboree a Japan.
Nom Chefdag zu Hesper op dem Jacques an dem Jemp Dahm de Giwellfoulard an de Woodbadge kreien, an de Jim Trauffler an d’Pionnierequip kënnt, geet et Mëtt Oktober mam Jamboree on the Air bei de Pionnier a mat der Montée rëm richtig lass no der Vakanz.
D’Nuechtssortie organiseiert vun de Rover huet mat 10 Equipen e gruusse succès.
Well vill gebastelt gët, gin 2 vun den ale Patrullenecker, déi bei der neier Scoutsmethod nët mi gebraucht gin, an Atelieren ëmgewandelt an och demno ageriicht, mat enger Huwelbänk an Handwierksgeschierschaaf. Do bastele mer dann och Krëstmotiver aus Holz a mat ale Wuurzele vu Riewen fiir viru Krëstdag an Dikrich ze verkaafen. Dëst war su e klengen Ustuss zum Krëstmaart.
An alle Branchen gët et bësse Problemer well nët genug Chefe do sën.
1972 Um Tiaterowend den 12.März, de mer wi di letzt Jare mat de Guiden zesumme spile, feiere mer engt grust Stëck op (Mir kreien och eng Televisioun) mat puer klengen Einlagen vun de Wëllef an de Wichtel. Et waar dee Succès !
D’Peiste sën d’Wëllef mat Ettelbréck a Meersch zu Roudersen op engem flotte Piratecamp :d’Explorer an d’Pionier op der Giewelsmillen um 10.Regional-peistcamp, de wi all di aner vu Webesch Camille, dem Regionalcommissaire, mat geleet gët.
De René Esch an de Guy Thillen kreien eng Ernennung als ATC.
An Al Dikrich së mer lo well fest implanteiert ; d’Preisser si ganz sozial : Thüringer 15.- Schachlick 25.- a Kotelett 35.-
D’Wëllef klasseire sech um nationale Rallye zu Ettelbréck rëm ënnert d’Super-meuten.
D’Explorer halen hire Summercamp zu Lellgen of, d’Pionnier tréppelen d’Our rof.
D’Marie-Thérèse Boever, dat vu 1958 un als Cheftaine gehollef huet, gët seng Demissioun.
Och dëst Jar gi rëm Arrangementer fir Krëstdag gebastelt an op der Liberatiounsplaz verkaaft.
1973 Op Fuessamsdig spille mer fir d’10 Keier mat de Guiden Tiater.Dës Keierënnert dem Thema ‘e Fuesowend ‘.
D’Peistcampen sën dést Jar : zu Mëchelbuch fir d’Wëllef ; zu Usweller fir d’Explorer - hei leeft e wonnerbare nationale Camp mat flotte Konstruktiounen a Spiller ënnert dem Num ‘Dynamo’ ; zu Récken un der Mess fir d’Pioneire - si leiren de Minette bësse kennen. D’Explorer sën zu Bëschruedt um Supercamp; d ‘Pionnier leien am Nopeschduerf zu Rëmerich.
De 14. a 15. September as rëm eppes mi las am Floss : Mir feiere 25 Jar Scoutshome am Floss mat enger Ausstellung a flotten Aktiviteiten bei idealem Wieder. Eng Woch drop sën eng 80 freier Drkricher Scouten bis matten an der Nuecht di fir sech ze erënneren.
Well de Kapoun Bintz fortgeht, kreie mer de Deche Reckinger als Aumonier. He versicht su oft wei meiglech derbei ze sin, wat em oft gelingt. Mer léen och eise Pefferkär bei verschiddene Virage vun der synod bei ; och an der Paarzeitung kënne mer eng Seit gestalten.
Den Théo Jacoby gët Trupechef bei de Pionnier genannt.
An der Roverbud gët su munches emgeännert, d’Pionnier awer och eis Unistudenten paaken gud mat un.
1974 De ganze Grup fiert zu 115 Memberen de 6. a 7. Abrël en Trip an Holland man ; iwert d’Baraque Fraiture fuere mer op Tudderen an de Safaripark. Owes schlofe mer zu Sittard an der Jugenherberg. Sonndes gi mer no enger aparter Jugendmass zu Venlo op Eindhoven an den Evoluon vu Philips. Et ass e ganz flotten Ausflug.
D’Wëllef sën di best op engen Regionalrallye op der Giewelsmillen.
Dikricher Wëllef erliewen zesumme mat déne Fielser e flotte Peistcamp zu Wolwen. D’Explorer an d’Pionnier campieren zu Bettel.
D’Patricia (Vicky) Heijnen gët AWC, de Pol Gillain ATC.
Zu Manternach um ‘Ahoi Glu Blup’ – camp schleissen d’Explorer hir Expeditioun Piraten of. D’Pionnier gruewen mat Scoute vu Mons en Tumulus aus der Bronzezeit aus. 600 Stonne schaffen se tëschent Reisdorf an Heisdorf.
Um Zeltfest vun der Musek hëllefe mer de Kannernomëtteg animieren.
Um Chefdaag am Kolleisch an der Stad kret de Théo Jacoby de Giwellfoulard an de Woodbadge.
De Jacquot Junk an de Paul Thilen gin ATC Pio genannt.
D’Pionnier bastelen Advenzkränz déise an der Grusgas verkafen ;
de Boni as fir d’Gamma-Scoute.
1975 Dat neit Jar finkt mat engem bise Schlag fir eis un. Mir hun eise gudde Minett’s Louis verluer. Hen hat zwar ni eng Ernennung als Chef, he war awer ëmmer do fir eng Hand mat unzepaacken ; hen huet esi Material op de Camping gefuert a sich 7 Jar em d’ Verdéélung vun der Revue bekëmmrt. dës Arbicht gët elo mol vum Georges Minette virugefouert.
D’Wëllef maachen e WE zesumme mat dene vun Esch.
D’Pionnier spille Kasperletiater. Den 8. Mee ass Dschungelfest am Floss.
D’Peistcampen sën zu Nacher fir Wëllef mat dene Belairer a Bartrenger ; an der Fiels fir d’Explorer ; zu Beeteburg fir déi Explorer a Pionnier déi met op de Jamboree gin.
Dat gruust Ereegnis fir d’Scouten, op dat si well iwer e Jar zou geschafft hun, as de Nordjamb ‘Five fingers one Hand’ a Norwegen. Mir leie zu 9 Explorer an 13 Pionnier an 3 Chefen mat 15.000 Scouten aus der ganzer Welt un engem Floss bei Lilehammer. Et ass engt phantastescht Erleewnis, dat mer ni mi ver gässe werten. No den 10 Deeg Camp lewe mer nach e puer Dee an enger Norwegischer Familjen : d ‘Explorer zu Bodo an d’Pionnier zu Bergen.
Nom Chefdag geet et rëm viru mat den Aktivitéiten :Jamboree on the Air zu Ettelbrëck a Montée um Botterweck newent de normale Versammlungen. Sortien, Weekender a Cheftraininger. Bei eise Rover ass rëm eppes mi las.
Eise Gruppechef de Marcel Thillen iwerhëllt d’Charge als Commissaire fir Gruppechefe am Verband.
Op engem Owed am Vereinshaus gëtt mat Diaen, Photoen an enger Ausstellung e Réckbléck op de Jamboree gemaach fir d’Elteren, d’Pionnier verkafen gleichzeitig hir Krëschtarrangementer.
1976 De Valy Lefèbre an de Louis Lorentz kreien hir Ernennung als ATC.
E vun de Weekend religieux fir Explorer ass am Floss : dèi Diekricher, Dèifferdanger an Ettelbrècker huelen zu 63 drun deel.
D’Rover hëllefe beim Ustreichen amVereinshaus.
Fuessonndig spille mer no enger klenger Paus mol rem Tiater zesumme mat de Guiden ; et së vill Lett do bei engen gudder Ambiance.
Um Parfest spillt de ROPI-Orchester. d’Explorer weise Filmer an de Max (GC) animeiert d’Spill ‘Sonntagsmaler’.
An der Uustervakanz sën d’Rover um RARO-Camp zu Buurschent um Schlaß. D’Pionnier maachen de Rettungs brevet.
D’Pioen an d’Rover verkaafe während puer Jar Gedrinks um Marche de l’Armée.
Peistcamp fir Explorer mat Ettelbrëck zu Welschend ; mat Ufank vum enger gemeinsamer Expeditioun, déi eis als Ofschloß eng Olympiad den 11. Juli op der Pist um Härebierg virgeseit, wu och d’Aventure vun Dikrich matman.
D’Pionnier hëllefen zu Betzdurf op enger Aktivitéit vun der nationaler Piosequip eng Spillplaz opriichten.
An der Summervakanz sën d’Wëllef mat deene Beggener a Lorenzweller zu Huelmes um camp ; d’Explorer sën zu Mecher/Klierf an d’Pionier an der Schleef. De Camille Dahm an de Louis Lorentz maachen de Scoutsgiwell mat.
D’Explorermaîtrise iwerhëllt d’Verdeelung an d’Verrechnung vun der Revue. Si kreien och de Boni a kënnen sech dodurch mei flott Expeditiounen erlaben.
Um Chefdag kreien d’Rover eng Batterie Dëppen als Preis vum Challenge de la Route.
Op de Montée gët de Marcel Thillen fir 20 Jar Grupechef geéiert.
De Paul Thillen gët ATC Pio.
Op engem WE zu Bilschdrëf wannen eis Rover de Rallye.
Am Oktobergruperot gët laang diskuteiert op en d’Maîtrise soll mat Cheftainen a Chef gemëscht virgesin. Dëse Problem interesseiert virun allem d’Wëllef ; d’Cheftaine fannen, dat ët mi einfach wir, wann si och Chef hätten.
D’Explorer hëllefen als Trup bei der Formatioun vu neie Chef um Neisheisgen.
1977 Bei de Wëllefcher gi Chef an d’Maîtrise gehol.
D’Explorer an d’Rover gin zu Gasperich um Cross de 2. am Generalklassement.
Pioniere an d’Caravelle spille Kasperl.
De René Esch krett seng ATC-Pio-Erennung.
D’Rover fuere bei der Aweiung vun der Velospist ‘Dikrich-Reisdorf’ mat.
Beim Nationale Scouting 77 amAbrël, wu all Grupen d’Scoute am Publik solle weise, hu mer gemeinsam Aktivitéite mat de Guiden. Quiz, Diamontage, Uustereer-verkaaf an der Grusgas, Velosrallye, eng Jugendmass, de Nuetsrallye als 1. Challenge Louis Minette an als Ofschloß e ganzen Dag an der Grusgas mat Spiller, Stänn an Animatiounen.
D’Peiste hu campeiert : d’Wëllef zu Mëchelbuch um Peckelshaf ; d’Explorer hun hirer Expeditioun ‘Schrott op 4 Reeder’ zu Mecher, si maachen hir Goukare ferdig a flitzen domat biergof, et gët alles op engem Film festgehalen, d’Pioen maache am Fënsterdall e Sport- a Radexplo.
D’Rover hun en immense Succès mat enger Disco am Chalet Schwemm.
Famille Reuter versuergt eis well 25 Jar eise ‘Floss’,dat gët gefeiert.
Op enger flotter plaaz bei der Klierf campeieren d’Explorer de Summer zu Lellgen. D’Pionnier mache während derselwischter Zeit e Camp volant vun Elwen op Pënsch, wu si da nach 5 Dee bei engen Bauer schaffen. D’Rover sën e Mungt ënnerwee ; op der Ile d’Houart campieren si bis de Sturem hir Zelter matweg geblosen huet.
Nom Chefdag zu Grevemaacher krett d’Wëllefchersmaîtrise männlich Verstierkung vum Georges Dahm, dem Guy Junk (Willi) an dem Louis Lorentz.
Jamboree on the Air mat de Pionnier an eng Entreprise iwer Drogen bei de Rover së markant Punkten am Hierstprogramm.
Brung T a S-shirte mam Emblème vun den Dikricher Scouten sën endlich ukom.
Beim 1. offizielle Krëstmaart organiseiert vun der Union commerciale an Dikrich së mir natiirlich mat Spiller derbei ; déi Jaren derno kommen och aner Vereiner an ët gët ëmmer mi kommerziell.
1978 De 5. Februar gët Tiater mat de Guiden gespillt.
Uustermeendig as de Scoutscross, un dem mer zmeemol zu Gasperech derbei waren, zu Dikrich hannert der Piscine.’Eng gudd Saach’ set de Grupechef.
Am Mee ass muenches las : d’Explorer fueren zu Mersch am Kannerduerf bei engem Säfekësterennen mat ; bei der Aweiung vun der 1. Foußgängerzon vum Land zu Dikrich së mir zesumme mat de Guiden fir d’Animatioun verantwortlich ; de Nuetsraid ‘Challenge Louis Minette ‘ gët vun de Rover organisiert.
Iwer Peiste campieren d’Explorer op der Giewelsmillen.
Am Summer hun d’Wöllef en Dschungelcamp zu Nogem ; d’Explorer mat denen Céissenger, bauen op hirem Camp zu Manternach Flooser a paddelen domat op der Syr. D’Pionnier maachen en Trip a Schottland mat engem Openthalt zu London ; um Gillwell Expio sën de Flory (Pol) Lorentz a Pol Thillen. De Rover hire Bretagne-Camp geritt rëm an de Stuurm.
Nom Chefdag zu Esch kënnt de Guy Thillen an d’Equip Roverbranche.
De Georges Minette gët ATC Explorer ge nannt.
Mir kafen Diamaterial : Projekter – Ecran – Dësch.
De Claude Bodeving kret eng Ernennung als ATC Pio.
Mir halen op d’Revue an d’Familienblatt an Dikrich ze verdeelen, wat mer zënter 196 gemaach hun.
1979 WE vum Gruperot am Seminär an der Stad vum 20.-21.1.79.
Mir maache zu 85 bei der 1. neier Kavakad mat : Fousgrup als Réimer a Gallier.
D’Amicale 5 hëllt dat gruust hëlzend Kreiz wat un der Mauer hannen an der Kiirch hung roof,a si stellen et vir am Chouer op.
De Louis Lorentz gët AWC ernannt.
De Peistcamp vun de Wöllef as mat Belair zu Helzen, de vun den Explorer beim Foyer am Baamerdall zu Dikrich.
Vu Peisfreddes bis Peistsonndeg feiere mer ‘3l Jar Homer am Floss – 62 Jar Dikricher Scouten’ mat enger Kirmes am Floss ënnert dem Num ‘Flossix’ (Thema Asterix).
Zu 40 fuere mer mam Pilgerzug mat op Lourdes, wu mer um Camp des Jeunes an Zelter schlofen a virun allem am Krankendengst hëllefen. D’Pionnier maachen duerno puer Deeg en Trip durch d’Pyrenaeen.
Um Neiheisgen kreien d’Explorer um nationale Scoutsfilmfestival den 1. Preis ‘d’selwer Hirschkou’ fir hire Film ‘Flosschaaz’.
D’Explorer bastele Kadoe, fir de Lett am Spidol fir Krëstdag eng Freed ze man.
D’Pioe verkafe selwergebastelt Käärze um Krëstmaart.
1980 De paul Lorentz gët TC bei de Pionnier.
Visite vun enger Delegatioun vun der Equipe fédérale am Gruperot den 28.2.
Um Tiater mat de Guiden feiert all Equipe eppes op.
D’Rover schaffen am Häerebierg an eisem Bongert, de mer vun der Joffer Leyder geschingt krit haaten ; si botzen en a planze 15 Riewesteck fir e Wengert unzeléen.
D’Peiste sën d’Wëllef zu Eischer ; d’Explorer zu Walsdorf zesumme mat dene Felser ; se së mam Velo dohiner gefuer ; d’Pionnier zu Bettel och mam Velo ; d’Rover zu Duelem um Nationalcamp ‘Alternativ’.
De Louis Lorentz gët Akela ; d’ Maryse Kaufmann an de Georges Dahm AWC.
D’Pionnier maachen e Summercamp zu Welschend.
Besuch vun der Raroequip am Floss bei 20 Dikricher Raroen.
Am Gruperot get och Formatioun gemaach : de Gruperot get all Kier vun enger anerer Branche virbereed a geleet ; mir liere mol rem Kniet man. De Mot d’ordre ‘Vill Freed dobausse’ get och diskuteiert a versicht an eis Aktivitéiten anzebauen.
1981 Am Januar as eng Journée fir Explorer am Floss fir Dikricher an Ettelbrécker Explorer.
De Gruperot huet eng Fuessoirée an der Roverbud mat ènger Raclette.
Bei der Kavalkad sën d’Explorer an d’Wëllef d’Flosspiraten op engem Schëff, d’Pionnier Ritter op der Ritterburg.
D’Reiwen am ‘Rover-Wangert’ guffe vun de Kanengercher gefrees.
Ufangs Mee as ‘Tam-Tam’ am Keller vun der Aler Brauerei eng gruus Réunioun vun den Explorertruppen aus dem Land hei zu Dikrich.D’Truppen stellen hir Aktiviteite, déi mat der Natur ze doen hu vir ; de Grand-Dus kënnt och kucken, mir suergen dofiir, dat su eng 250 Lett logiert gin an hëllefen bei der Organisatioun. D’Explorer hun e Formikarium agericht, weisen Diaen iwert d’Lewe vun de Seejomëssen a stelle selwer gedrëschent Freijarsblumen aus.
Fir d’Peiste maachen d’Wëllef e Gespenstercamp zu Kaundorf ; d’Explorer campieren zu Eppelduerf an d’Pionnier zesumme mat de Caravellen zu Waldbëlleg ; si hun sich gud verstaan.
Um Tramp 81, engem Rallye fir Handikapeierter organisiert vun de Foulards blancs hëllefen mir op 2 Poste mat Spiller.
Am Juli as e Footballturneier tëschent dem ESD, de Pompjeen, dem Schluechthaus an de Scouten.
D’Explorer leien um Summercamp zu Mecher/Klierf zesumme mat 5 Klierfer ; dëst war Ustuuss fiir zu Klierf Scouten ze grënnen.
Pionier se mat de Cravellen a mat 25 italienesche Cara-Pioen zu Waldbëlleg ;
duerno sën nach 3 Dee Homehospitalitéit fir d’Italiener verbonne mat engem Tour duurch d’Isléck. Tipptop Ambiance.
Mëtt September as eng kleng Receptioun fir de Gruperot op der Gemeng, wu de Marcel Thillen fir seng 25 Jar Grupechef geeiert gët(1956-1981).
Um Chefdag am Rollingergronn krett de Jacques Dahm d’selwert Verbandsofzeeche iwerreecht ; he war 6 Jar President vum Verbandsrot an huet och 6 Mol de Chefdag geleet.
Um Krëstmaart verkaafen d’Wëllef a Pionnier selwergebastelt Saache ; d’Explorer spille Kasperl a maache Popcorn ; Freddes Owes op der Nocturne spillen d’Chef och Kasperl : eng kleng Revue iwer Dikrich.
1982 De jacques Dahm gët neie Grupechef ; de Marcel Thillen gët Ieregrupechef a bekëmmert sich em d’Homer an de Scoutspark.
Mëtt Februar as eng national ‘Porte ouverte’ bei de Scouten : mir organiseiren engt Staadspill fir Kanner an hun en Informatiounsstand op der Liberatiounsplaz.
Den Tiater mat de Guiden steet ënnert dem Motto : ‘E flotten Owend’.
Eng nei Bud fir Al Dikrich gët geplangt a bei Lorentzen am Atelier prepareiert ; ët as eng Eisekonstruktioun mat Pannoen aus Sperrholz.
D’Peisten halen d’Wëllef hire Camp zu Biirden : d’Explorer hun e WE zu Kayl mat de Kayler Scouten als Peparatioun fir de Jubica ; d’Pionnier schaffen am Floss.
Pionnier spillen geint d’ Rover Football 5-7.
D’Solange de Waha gët AWC genannt.
Eng 50 Drikricher, Ettelbrëcker a Klierfer Explorer hun eng Mini-Olympiad um Haerebierg.
Nationale Camp fir Explorer ‘Jubica’ zu Betzdorf, fir de 75. Anniversaire vum Scoutissem ze feieren ; eis Explorer se mat dene Kayler a Klierfer zesummen.
D’Pionnier an d’Rover fueren op e flotte Camp an Irland.
D’Jugendpastoral soll frësch ugekuerbelt gin : d’Chef sollen eng Hëllef kreie fir mei reliös Momenter mat an d’Aktiviteiten ze bringen. De Jean Braun, eisen neien Aumonier, wëllt dat durch regelmeissig Versammlungen mat de Chef vun de Guiden an den Scouten erreechen.
Dëst Jar hu mer um Jamboree on the Air en Dikricher Scoutschef als Operateur.
D’Jacqueline Meyers kret seng Ernennung als AWC.
Mir hun och mol rem eng Kier Ierememberskaarte verkaaft.
Et get am Verband vu Koedukatioun geschwat : am Gruperot maache mer och eis Gedanke dozou ; d’Branche se nët ganz warem dofir, si wëllen op kee Fall eng permament Zesummenaarbicht mat de Guiden.
1983 Pionnier sen als Hexe bei der Kavalkad derbei.
Mir hëllefe bei der Faastenzop an der Par.
Pionnier maachen iwer Uusteren e flotte verlängerte WE zu Harel mat den Dikricher Caravellen.
D’Explorer kreien als 1. Preis op engem WE zu Sandweiler e Pyrogravureapparat.
D’Wëlef vun der Mini-Equip Norden (Dikrich, Ettelbréck,Wolz) gin an engem Stäremarche op Todler, wu se Spiller maachen.
D’Solange de Waha an d’Jacqueline Meyers gin op de Wëllef-Gillwell ; de Georges Minette op den Explorer Gillwell.
Summercampe vun de Wëllef zu Everleng, vun den Explorer mat Belval-Metzerlach zu Bruch/Mersch, de Pionnier zu Réimech.
Pionnier klappen dëst Jar d’Rover 5-0 beim well traditionnelle Footballmatch.
Mëtt September as en Dag vun de freiere Scouten, fir 35 Jar Floss a 66 Jar Dk Scouten ze feieren ; èng 100 Lett hu Mëttes am Floss gääss an um Rallye zu Fouß ronderem d’Seitert matgemaach.
Um Krëstmaart verkafen d’Wëllef, d’Explorer an d’Pionnier selwergebastelt Saachen ënnert enger neier Dekoratioun.
De Pol Thillen an de Georges Meyers gin ATC genannt.
1984 Pionnier gin op der Kavalkad als Bäckere mat.
Op Halleffaasten spille mer eisen Tiater mat de Guiden.
Am Abrël sen d’Wëllef op engem Sportsfest zu Ettelbrèck mat der Miniequip Norden.
Miir maache beim Tramp fir Handikapeierter mat, den des Kier vun Ettelbréck op Colmar geht.
Den 22.6. kënnt de Großherzog Jean an d’Großherzogin Joséphine-Charlotte op Dikrich fir en offizielle Besuch. Op der Liberatiounsplaz droen d’Gesangvereiner, d’Musik, d’Scouten an d’Turner eppes vir.
Am Kader vum Mot d’Ordre ‘Handreechen’ invitiere er de 24.6 Kanner aus dem Heem vun Itzig. Mir offrieren 16 vun hinnen e flotten Dag an der Natur.
Mir kafe nei T- Sweat-shirter mam Emblême Dikricher Scouten.
Fir de Summercamp sën d’Wëllef zu Habscht, leien d’Explorer zu Bettel a fueren d’Pionnier durch d’Bretagne.
Mëtt September mëcht d’Chefequip e Pélerinage op Hinzert, wu den Tony Noesen am Bësch erschoss guf. An der Kapell um Site vum Kazett gëtt en ale Scoutsfendel durch èng hëlze Plak mat enger bleiener fleur de lys ersat ; d’Aschrëft erënnert un déi 2 vun de letzebueger Scouten, dei hei hirt Lewe fir d’Heemicht gelos hun.
Beim Jota (Jamboree on the Air) hu mer Scoute vu Speicher op Besuch.
De Georges Minette g¨t TC bei den Explrer genannt.
Viru Krëstdag organisiere mer mat de Guiden eng Krëstveillée fir Kanner ; et geht am Kockelbierg fort laanst d’Seitert rof an de Floss, wu op der Spillplaz bei enger Tas Kakao ofgechloß gët. Eennerwee gi Geschichten zum Thema erzielt.
1985 Di drei ënnischt Branche gi bei der Kavalkad mat : Thema eng Chimiestonn. Si kreien de 1. Preis fir hiere Won.
D’Wëllef gi mat der Mini-Equip Norden op Meersch an d’Kannerduerf ; si hu Dëschmini-golfe gebastelt an droen do Matcher aus.
Mat de Guiden an den Ettelbrécker Guiden a Scouten organisiere mer zu Angelduerf an der Kiirch e Kreizewee fir Jugendlicher.
An der Uustervakanz maachen d’Pionnier zesummen mat de Caravellen e verlängerte WE zu Harel.
D’Explorer huelen zu Weiswampich un der Journée écologique deel, wu no engem Rallye puer dausend Beem ge planzt gin.
D’Rover sën um Top 85 zu Grevemaacher derbei.
Grusse Summercamp vun de Wëllef, den Explorer a Pionnier zu Géidgen.
E WE vum Jugendfestival am Kader vum internationale Jugendjar ass den 12. an 13.10. an der Aler Brauerei mam Thema 3.Welt. D’scouten hëllefe bei der Virrbereedung an och Ausféirung. D’Explorer an d’Pionnier maache recyclierte Pabeier a Paangicher.
Um Krëstmaart gët selwer gekachtent Quetschekraut a gebastelt Männercher verkaaft. En Deel gët fir d’Entwécklungshëllef an de Peru iwerwisen.
1986 Dëst Jar së mer Schoochteschbotzerten op der Kavalkad.
Den Tiater mat de Guiden steet ënnert dem Thema ‘am Blummebësch’.
Et get èng Photokopeiermaschin kaaft. De Georges Minette vertrët eis am Parrot.
D’Pionnier se mat de Caravellen um Howald op dem Peistcamp, den di Houwalder fir hir 40 Jar organisieren.
Den Autorallye gët organisiert vun de Jungs.
D’Equipe fédérale ass mat enger Delegatioun am Guperot vum Juni. Mir wëllen de Moment mol kèng Meedercher ophuelen.
De nationale Wëllefchersrallye gët vun der Mini-Equip Norden zu Rolléng bei Mersch organiseiert ënnert dem Thema Zwergen.
Summercampen : D’Wëllef mat Fels, Märel, a Mersch zu Helzen ; d’Explorer sën zu Iernzen um nationale ‘Scrica’ . Et ass e gruusse Rittercamp.
Bei de Rover blisst e neie Wand mat engem neie Roverchef, dem Alian Kap. Si maache beim Jamboree on the Air mat.
D’Claudine Reiser an de Frank Thillen kreien d’Ernennung als AWC.
Mir hëllefen och rëm bei der Krëstveillée fir d’Kanner an der Par.
De Challenge ‘Louis Minette’ leeft als Nuetsrallye, organisiert vun de Pionnier, an der Krëstvakanz.
De Kaploun Paul Müller gët eisen Aumonier.
1987 Bei der Kavalkad maachen d’Wëllef mat der ganzer Mini-Equip Norden als Eskimoe mat. Si kreien de 1. Preis fun de Foußgruppen. D’Explorer an d’Pionnier kreie mat hirem Won den 2. Preis fir Ween.
Zu Schëfleng as de Guiden hiren Thinking Day och op fir Scouten, eis Explorer fueren dorower.
Um Kreizwee fir d’Jugend a bei der Klackewei së mer derbei.
Um extrae Statutechefdaag mëcht de Verband sich op fir Meedercher opzehuele.
Mir si bei der gruuser Botz an der Natur vertrueden.
Fir eis 70 Jar ze feieren ass den 3. Mee als ischt Aktivitéit Familjerallye ronderëm d’Seitert. Et ass fir déi jetzig aktiv Membere mat hirer Familjen.
D’Peiste gi 7 Pionnier op Monthey (Schweiz), wu d’Scoute mat engem Camp hire 75. Anniversaire feieren. Si sën tiptop emfaange gin.
D’Explorer halen eng Olympiad mat den Ettelbrècker um Stadion of, als Ofschloß vun enger Expeditioun ‘Sport’.
D’Wëllef gin de Summer ‘80 Dee ronderëm d’Welt’ op de Camp op d’Kalkesbaach.
Am Foyer Bamerdall hëllefen d’Explorer bei der Fancy Fair mat Spiller.
Eng 2. Aktivitéit fir d’70-Jarfeier as e Nomëtteg fir freier Cheftainen a Chef mat Anhang. Den Uklang war klèng.
D’Chantal Teisen an d’Martine Scholer kreien eng Ernennung als AWC. De Frank Thillen als Akela.
1988 De neie gruusse Sall ka benotzt gin.
D’Pionnier hun als Sujet op der Kavalkad : ‘Die gölle Reserv’ ;
well kee Konfetti mi duerf geworf gin, maache si beierdeckelgrußen aus Zeitungspapeier.
Den Tiater leeft als ’ Sportsowend’ zesumme mat de Guiden.
D’Wëllef vun der Mini-Equip Norden hun den 2.Mee Rallye ënnert dem Thema ‘Senegal’, wu d’letzebueger Guiden a Scouten e Formatiounszenter bauen.
Peisten as hanert der Piscine e Camp vun den Explorer an de Pionnier mat den Dikricher Caravellen an Aventuren an de Scoute vu Monthey a Wolz.
De Wëllef hire Summercamp ass zu Consthum.
De Jacques Dahm as fir di next drei Jar President vum Conseil féderal an och vum Chefdag den he leet.
De Frank iwerhëllt d’Explorer. Bei de Rover feelt ét rëm un engem Chef, de Jacques an de Georges Minette probeieren eppes unzekuerbelen, mat enger Medikamentersammlung an all Haus.
Mat de Guiden organiseiere mer den 8.Oktober e Naturrallye an den Dag drop se mer bei der Installatioun vum Dechen Jean-Pierre Heuschling derbei.
D’Claudine Reiser gët Akela, an de Laurent Gillen ATC Explorer genannt.
En klengen Deel vum Benefiz vun Al Dikrich g¨t zesumme mat denen aere Vereiner (Football, Solschlösselcher, Turner) un d’ALPAPS iwerreecht.
De 25.11. weihe den neien Déél vum ënnischten Home offiziell an. Fir déi Geleenheet hu mer eis eng Zaapanlag kaaft, déi och soss nach vill gebraucht gët.
1989 De Marc Jung gëtt ATC Explorer genannt.
Op der Kavalkad sën d’Pionnier Möller op enger grusser Wandmillen.
Op Wonsch vum Här Dechen geet de Jacques Dahm als Vertrieder an de Parrot.
D’Pionnier aus dem Norden organisieren de 26.2. e Friddenslaaf ; deelweis ënner Schnischaueren lafen eis Pionnier iwer Braneburg, Laaschend Richtung Husen, wu se sich mat deenen aneren Truppen treffen. Do ass eng gemeinsam Veillée.
De Frank Thillen gët Tupechef bei den Explorer genannt.
60 Explorer vun Dikrich, Klierf a Wolz halen e flotte Peistcamp zu Wolz of.
Fir 150 Jar Unofhängigkeet gët de Nationalfeierdaag mat alle Vereiner op der Kluuster gefeiert. d’Scoute grillen an zape Bëier.
Fir de Summercamp sën d’Wëllef zu Vichten ënnert dem Thema ‘Asterix’ ; d’Explorer leie bei engem Bësch bei Vichten ; d’Pionnier gin zu Fouß vun der Quell vun der Sauer bis bei de Stau vun Esch/Sauer an ënnersichen ënnerwee d’Qualitéit vum Wasser. Zwing Chef se mat an de Senegal.
D’Milly Hellers, Katechetin zu Dikrich, hëlleft an der Animation religieuse ; leider nëmme fir 1 Jar.
Den 13. November se mer am neien Tiater an der Stad derbei, wi eise Chef-Scout an enger flotter Veillée fir 25 Jar Grand-Duc geiert gët.
En Deel vum Boni vum Krëstmaart iwerweisen d’Wëllef an d’Explorer un de Projet Senegal.
De Jos Herr e vun eise Pättere vum Fendel as gestuerwen.
1990 D’Wëllef an d’Explorer së beim Splash vum Verband derbei ; hei solle Sue gesammelt gin fir de Projet Senegal.
D’Pionnier kreie rëm den 2. Presi vun de Ween bei der Kavalkad mam Sujet ‘Eis knaschtig Sauer’.
De 24.3. ass Tiater mat de Guiden, dese ‘Märchenowend’ war de Besten zënter laangem.
Den Dag drop sën d’Wëllef mat der Miniequip Norden zu Ettelbréck am ‘Zirkus’.
D’Explorer spillen an engem Footballturnier an der Sportshall geent d’Petits Chanteurs an d’ Massendënger.
D’Wëlef sin als ‘Urmënschen’ zu Buurschent um Camp ; d’Explorer als ‘Indiander’ zu Weicherdang um gruusse nationale Camp.
De Claude Biwer an de Jean-Luc Schmit rezyklieren sich um Gilwell um Neiheisgen ; si kreien dun och hir Ernennung als ATC Pionnier.
Drei Dikricher Scouten gi rëm 3 Wochen mat an de Senegal schaffen.
De Kaploun Jean Goedert gët eise Aumonier.
De Georges Minette vertred eis bei der Verdeelung vum BP-Fellow de 26.11 an der Stad.
D’Poinnier hun e Kreëstcamp am Home am Floss ; se schaffen un hirem Kavalkadwon a ronderem a bannen an den Homer.
1991 Am Januar während engem Gruperotseesse gët de Grupechef geiert, well e well 25 Jar Chef a zënter 2 Mingt am Gemengerot as.
D’Wëllef gin eng Kier op Echternach, di Echternacher kommen duerno rop ; si maachen zesummen eng Versammlung.
Den 24.3 ass e Jugenddag vum Dekanat. Am Home am Floss bekëmmeren d’Scouten sich em d’Etap ‘Natur’ vum Rallye duurch Dikrich.Als Ofschloß ass eng Mass mam neien Erzbëschof Fernand Frank an der Kapell vum Kolléisch.
D’Amicale (dat sën déi, déi nom Krich d’Homer opgebaut hun ; si treffen sich all Jar e puer Mol, eng Kier fiir e ganzen Daag) fueren op Basel bei den Nuckes (Camille Thilges)
Fir d’Primiz Nico Wenner riichte mer e PH viru sengem Heemichtshaus op ; d’Wëllef se gud beim Cortège an der Primizmass vertrueden.
Dest Jar spillen d’Wëllef beim Fussballturneier geent d’Petits Chanteurs an d’Massendenger mat.
D’Wëllef sën zu Weicherdang um ‘Astronautecamp’ . d’Pionnier fléien fir 9 Dee Enn Juli an de Portugal op Porto. De Laurent Gillen geet fir d’ drëtt mat an de Senegal.
Um Chefdag zu Péiteng, den deelweis gemeinsam mat de Guiden ass, seet eng ganz gruuss Majoriteit vun de Guiden an de Scoute jo zur Absicht 1994 ze fusionneiren.
No der Montée geet ët an d’Scoutsjar vum Jubiléum. Ganz erfreelich as, dat eis Rover rëm richtig aktiv sën. D’Wëllef an d ‘Wichtel feieren eng Mass zu Iere vum hellige Franz vun Assisi, hierem Patréiner.
De 16. November féiert all Branche e Stëck op eisem traditionellen Tiater mat de Guiden op.
Um Krëstmaart verkaafen d’Wëllef Schlësselunhänger an d’Ranger-Rover braue Grog.
D’Claudine an de Frank Thillen gi beim Noël routier mat ; den Ofschloß as am Prisung zu Givenig.
D’Michèle Antony an d’Carole Mehlen kreien d’Ernennung als AWC.